Gemeng Géisdref

From Wikipedia
Gemeng Géisdref
d'Märei vu Géisdref
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Goesdorf
de: Goesdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Wolz
Chef-lieu Géisdref
Buergermeeschter Jean-Paul Mathay
Awunner 1.664
  1. Januar 2023
Fläch 2.941 ha
Héicht 482 m
Koordinaten 49° 55’ 15’’ N
      05° 58’ 00’’ O
LAU-Code LU0804
Websäit http://www.goesdorf.lu/

D'Gemeng Géisdref ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. Op den 1. Januar 2023 hat se 1.664 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Géisdref vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng[1][edit | edit source]

Zu der Gemeng Géisdref gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geographie[edit | edit source]

D'Gemeng Géisdref läit am Kanton Wolz gréisstendeels héich op den Éisleker Koppen ëmgi vun den déiwe Flossdäller vu Wolz, Sauer a Schlierbaach. Um südleche Plateau läit d'Uertschaft Géisdref.

De Waassertuerm zu Dol versuergt d'Uertschaften Dol, Géisdref, Nacher, Boukels a Masseler mat Drénkwaasser.

Geschicht[edit | edit source]

Den Numm Goesdorf leet sech vu Gießdorf of. Géisdref war fréier en Industriestanduert, dee vum Antimonvirkomme gelieft huet. Éischt Gruewunge solle schonn zur Réimerzäit gemaach gi sinn. Eng éischt Konzessioun ass 1354 ausgestallt ginn.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[edit | edit source]

Quell:STATEC

Wopen[edit | edit source]

Beschreiwung am Originaltext:

D'or au chêne à quatre branches entrelacées de sinople, au chef de gueules chargé de six étoiles d'or posées 3-2-1.
D.C. 1. Juli 1984 - A.M. 27. Juli 1984 - Mémorial B 1984, Säit 680 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1984.

Politik[edit | edit source]

Buergermeeschteren[edit | edit source]

  • ? - 1846: J-M Sonntag
  • 1846 - 1849(?): Théodore Kayser[2]
  • 1849: André Weyrich[3]
  • ...
  • 1894 - 1903: Emile Wolter[4],[5]
  • ...
  • bis 2011: Arthur Schockmel
  • 2011-2017: Norbert Maes.
  • 2017-2019: Christa Schmitz ép. Majerus
  • zanter 2019: Jean-Paul Mathay

Interkommunal Syndikater[edit | edit source]

D'Gemeng Géisdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes[edit | edit source]

Kuckt och[edit | edit source]

Um Spaweck[edit | edit source]

Commons: Géisdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[edit source]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Circulaire du 7 septembre 1846 N° 11047-2625 concernant les attributions du collège des bourgmestre et échevins des communes. - Mémorial A n° 52 de 1846 op stradalex.lu gekuckt de 26. Juni 2022
  3. Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
  4. Memorial N°11 vun 1894 mat der Nominatioun vum Emile Wolter zum Buergermeeschter vu Géisdref
  5. Memorial N°7 vun 1903 mat der Demissioun vum Emile Wolter als Buergermeeschter vu Géisdref